Kichen & Produkter

Qualitéit déi ee schmaacht
  • Produkter Produkter
  • traditionell Platen traditionell Platen
  • Christophe Fiegen Christophe Fiegen

Eis Kichen ennert der Lédung vum Christophe Fiegen zerwéiert traditionell Platen op eng Manéier, déi een esou néierens anescht fënnt.

Mir kachen haaptsächlech mat Wueren aus eiser eegener landwirtschaftlecher Produktioun (Limousin-Fleesch, Kürbisprodukter, Eeër,...). Nieft eisem eegene Fleesch verwende mir ausschliisslech Lëtzebuerger Fleesch mat der Certificatioun "Produits du terroir".

Am Allgemenge verschaffe mir am léifste regional Produkter aus enger kontrolléierter Produktioun.

Aus eiser Kiche kënnt nëmme Qualitéit, déi ee mat alle Sënner erfaasse kann. Dohannert sti Produzenten „fir unzepaken“, déi perséinlech fir hir Produkter biergen. Dem Gaascht bidde mir domat déi beschte Qualitéit an eng gesond Ernährung.

Eis Wuere kënnt Dir iwwregens och direkt an eisem Traiteurs-Geschäft, eiser Vinothéik oder eiser Bäckerei kafen.

  • eegener landwirtschaftlecher Produktioun eegener landwirtschaftlecher Produktioun
  • regional Produkter regional Produkter
  • Limousin-Fleesch Limousin-Fleesch