De Bauerenhaff

Eist gastronomescht Konzept ass aus eisem landwirtschaftleche Familljebetrib entstanen. Eise Bauerenhaff läit ganz an der Géigend vun eisen Haiser.

D’Spezialitéit aus eiser Kichen ass d’Limousin-Fleesch an "Lëtzebuerger Poulet" aus eegener a kontrolléierter Produktioun.

An eisem „gliesenen“ Betrib spiert een déi enk Verbindung tëscht der Natur an dem Mënsch. Mir schounen d’Ëmwelt, fidderen d’Déieren op eng natierlech Aart a Weis a verschaffen Naturprodukter op eng schounend Manéier. Mir sinn an deene verschiddensten Ëmweltprogrammer aktiv a setzen eis fir d’Biodiversitéit an.