Konzept

Zënter Generatioune schonn ass „A Guddesch“ den Hausnumm vun eisem landwirtschaftleche Familljebetrib. Iwwer d‘Joeren ass ronderëm de Bauerenhaff a matten am Häerz vu Lëtzebuerg eng modern Plaz entstanen, wou ee sech gären ophält a wou d’Genéisse grouss geschriwwe gëtt.
  • Hotel Restaurant Hotel Restaurant
  • Lobby Lobby
  • Restaurant A Guddesch Restaurant A Guddesch

Nom Ausbau vum Festsall „an der Scheier“ an dem Bau vum Restaurant (Haus 1) am Joer 2009, an duerno dem Bau vum Hotel mam Kachstudio an der Bäckerei (Haus 2) am Joer 2013, fënnt een haut am Haus „A Guddesch“ – wat d’Iessen an d’Organisatioun vun Evenementer ugeet - déi wuel gréissten Offer an der ganzer Regioun vu Miersch an Ëmgéigend.

Landwirtschaft & Feng-Shui

D’Ambiance vun eisen Haiser entsteet aus enger harmonescher Mëschung vu regionalen Andréck a Materialer, déi typesch fir eist Land sinn, an harmonesch-minimalistesche Feng-Shui-Konzepter anerersäits, woubäi och modernst Technik an Equipementer net feelen.
» Méi iwwert d’Architektur

Eng modern Kiche mat regionale Produkter

An eiser Kiche kombinéiert eise Chef déi bescht regional Wueren an/oder Produkter aus eiser eegener landwirtschaftlecher Produktioun mat moderner franséischer Kachkonscht.
» Méi iwwert d’Kichen & d’Produkter

Eis Haiser am Iwwerbléck

Haus 1 - Restauranten & Säll

Haus 2 - Hotel & Kachstudio

D’Pia & de Marc Dentzer, zesumme mat hirer ganzer Equipe, freeë sech drop, Iech als Gäscht begréissen ze kënnen.

Video A Guddesch

  • Restauranten & Säll Restauranten & Säll
  • Hotel A Guddesch Hotel A Guddesch
  • Hotel Martha Restaurant A Guddesch Hotel Martha Restaurant A Guddesch
  • landwirtschaftleche Familljebetrib landwirtschaftleche Familljebetrib
  • Festsall Festsall
  • modernst Technik an Equipementer modernst Technik an Equipementer
  • Kachstudio Kachstudio
  • Terrass fir Festivitéiten a Receptiounen Terrass fir Festivitéiten a Receptiounen
  • Vinothéik Vinothéik
  • Haus Haus
  • Parking Hotel Parking Hotel
  • Receptioun Receptioun