Shop

Kulinaresch Genëss aus eisem Land
  • Shop
  • Shop
  • Shop

Fir d’Gourmeten an d’Unhänger vun enger authentischer an héichwäerteger Ernährung bitt eisen Traiteur eng grouss Auswiel un Delikatessen.

Nieft frësche Produkter direkt vum Bauerenhaff (Limousin-Fleesch, Kürbisprodukter, Eeër,…), bidde mir och déi passend Wäiner a frëscht Gebäck.

Den Traiteur-Buttek ass ëffentlech zougänglech a bitt och de Gäscht aus eisem Restaurant d’Méiglechkeet, regional Delikatessen aus eiser Kichen direkt matzehuelen.

Corbeillen

Frot och no eise Cadeausiddien! Mir stellen Iech gären eng Corbeille mat ausgewielten Artikelen zesummen.

  • Corbeille mat ausgewielten Artikelen Corbeille mat ausgewielten Artikelen
  • Kulinaresch Genëss Kulinaresch Genëss