Modern Infrastruktur, Allround-Service a perfekte Kader
Ob fir Seminairen, Konferenzen oder Formatiounen, eis Raimlechkeeten bidden Entreprisen, Veräiner oder aner Gruppen en ideale Kader an eng voll equipéiert Infrastruktur fir all Zorte vu Versammlungen. Kombinéiert mat engem héichwäertegen gastronomesche Service steet dem Succès vun Ärem Evenement näischt méi am Wee.
Nieft eiser grousser Offer un Iessen a Gedrénks bidde mir och direkt Iwwernuechtungsméiglechkeeten am hauseegenen Hotel Martha, an e variéierte Programm fir méi grouss Veranstaltungen: Bistro, Restaurant, Terrassen, Kachstudio, Traiteur, Bäckerei, Vinothéik, a villes méi.
Mat senger zentraler Lag zu Lëtzebuerg (Géigend vu Miersch) ass eist Haus verkéierstechnisch gutt ze erreechen a bitt vill Parkingsméiglechkeeten.
Versammlungsraim
Eis Seminaire-Räim si voll equipéiert: Beamer, Ecran, Flipchart, Notizbléck,…
Seminaire-Raum an der Stiffchen
Versammlungsraum fir bis zu 6 Persounen.
Seminaire-Raum an der Wiss
Versammlungsraum fir bis zu 25 Persounen.
Festsall an der Scheier
Fir méi grouss Feieren oder Business-Events bitt sech eise Festsall un.