Fester

Sidd eise Gaascht: Feieren a beschter Gesellschaft
  • Festtagstisch
  • Lachsteller
  • Kristallgläser

Egal ob et ëm eng Privatfeier oder e Business-Event geet, Ären Evenement soll fir Är Gäscht en onvergiesslecht Erliefnes ginn. Eis flexibel a modern Infrastruktur, kombinéiert mat engem perfekte Service, maachen aus eisem Haus „A Guddesch“ eng ideal Event-Location matten am Zentrum vu Lëtzebuerg.

Nieft dem groussen Festsall „Scheier“, Raim fir Versammlungen a verschidden Espacë fir Receptiounen (bannen an op der Terrass) bitt eisen hauseegene Catering-Service alles, fir aus Ärem Event e Succès ze maachen. Mir bidden eise Gäscht och direkt Iwwernuechtungsméiglechkeeten am Hotel Martha un.

Event-Location fir Privatfeieren

Hochzäiten, Gebuertsdagsfeieren, Dafen, Kommiounen, Banqueten, Partyen oder Business-Events.

Plange vum Event

Eisen Event-Team schafft mat Iech e personaliséiert Konzept fir Ären Evenement aus. Vum Banquet, iwwer d’Schmaache vun de Wäiner bis hin zu der Dekoratioun an dem Entertainment, mir stinn Iech als direkten Uspriechpartner zur Verfügung.

Honeymoon Package

Erlieft dee schéinsten Dag vun Ärem Liewen am Haus „A Guddesch“. Mir bidden dem Brautpuer en Allround-Service, dee vum Plange vum Event bis zur Iwwernuechtung an eiser Honeymoon-Suite geet.